D‘Saint-Arnoult-Famill zu Bihar, Indien

Wien mir sinn

Shining Hope ass eng karitativ Organisatioun, déi ënner der Form vun enger ASBL ënner Lëtzebuerger Recht gegrënnt gouf, an déi als Zil huet, d’Liewensqualitéit vun de gefäerdete Bevëlkerungen, besonnesch vun de Kanner, an den Entwécklungslänner ze verbesseren, an dëst duerch dauerhaft Aktiounen baséiert op der Partnerschaft mat den Akteuren an der lokaler ziviler Gesellschaft, mam allernéidegste Respekt virun hirer Kultur.

D’Shining Hope gouf vun der Famill Saint-Arnoult gegrënnt, fir den nächste Generatiounen a bessert Liewen an eng nohalteg Welt ze hannerloossen. Mat hire lokale Partner verflicht sech d’Fondatioun Infrastrukturen a Mëttel opzestelle fir de Populatiounen, déi am meeschte gefäert sinn, ze erlaben, aktiv bei der Verbesserung vun hirer Situatioun deelzehuelen an hir eegen Zukunft an d’Hand ze huelen.

Eis Projete sinn op enger Linn mat eiser Visioun vun der Welt: Leit ze hëllefen an Harmonie mat der Natur ze liewen. Mir hoffen, datt mir laangfristeg Ännerunge bei verschiddene Gemeinschafte brénge kënnen.

D’Auswiel

D’Fondatioun Shining Hope leet kee Projet selwer. All d’Entscheedunge, déi vun der Fondatioun Shining Hope geholl ginn, si vun eiser wesentlecher Philosophie ëmfaasst: d’Projeten, déi mir ënnerstëtzen, mussen e ganzheetlecht Virgoen an hirem natierlechen, mënschlechen Ëmfeld an am Ëmgang mat den Déieren hunn. D‘Wäerter, déi eis an eisen Entscheedunge leede sinn d’Matgefill, nohaltege Wuesstum an d‘Inklusioun (Transparenz).