STARTSÄIT PROJETEN
Eng Gréng Otem-Hoffnung Fir Sri Lanka
Ee vun den dréngendsten Ëmweltprobleemer zu Sri Lanka ass d‘Ofholzen. Et gouf eng bedeitend a geféierlech Verréngerung an de Bëschregiounen iwwer déi lescht Joeren, fir Plaz ze schafe fir d’Landwirtschaft, Geschäfter a Gebaier.
VIRLIESEN MÉISchnelle Support Fond COVID-19
Den Impakt vum COVID-19 op d’NGOen, déi deene vulnerabelste Gemeinschaften an Risikopersoune gehollef hunn, ass verheerend – d’Reduktioun vun Aktivitéiten, cash-flow Probleemer, Schwiregkeeten am Hale vun Employeeen, an esouguer de Risiko vum Zoumaachen. All dëst zousätzlech zu de wesentleche Bedierfnesser vun e puer vun en Äermsten a vulnerabelsten Empfänger.
VIRLIESEN MÉIShanti India – Bau vun engem Schoulgebai
Kanner an de ländleche Géigenden an Indie hunn dacks keen Zougang op Qualitéitsausbildung, besonnesch déi aus de Famille mat nidderegem Akommes an nidderege Kasten. Laut dem indesche Gesetz hunn all d’Kanner e Recht op gratis Bildung, awer an der Praxis ass d’Bildung, déi si an de staatleche Schoule kréien net gutt genuch, fir aus der Aarmut erauszekommen. Nëmme gutt Bildung a besonnesch Opmierksamkeet kann hinnen eng Chance ginn, fir hiert Liewen ze änneren, an net de Schicksal vun hire benodeelegten Elteren ze deelen. Dat ass de Grond, firwat d’Shanti India Schoul gegrënnt gouf.
VIRLIESEN MÉISaint Bruno Weesenhaus
Laut dem 2004 Weltbericht, UNAIDS am Joer 2003, huet de Kamerun 8 Millioune Kanner, vun deenen 12% (930.000) aus diverse Grënn Weesekanner waren. Eise Projet ass et e Weesenhaus zu Yaoundè ze bauen. Haut Liewen d´Weesekanner a grousser Aarmut - si sichen no Iessen, verbréngen hir Deeg an Nuechten op de Stroossen.
VIRLIESEN MÉIAlice Project
Zanter 2015 engagéiert sech Shining Hope bei der Begleedung an der Finanzéierung vum Ausbildungsprojet Alice Project duerch follgend Aktiounen: Ënnerstëtzung vun den dräi Schoulen an Indien zu Sarnath, Bodhgaya an Arunachal Pradesh a vun hire 1.500 Schüler, Verbesserung vun den Infrastrukturen, Ariichtung vun de Klassesäll, Baukäschte vun neie Gebaier, Kaf vun Ausstattung an techneche Geräter, Bedeelegung un den Unterrichtskäschten.
VIRLIESEN MÉIKaruna Shechen - Déi mobil Klinicken
Mat hire medizineschen Zentren, mobille Klinicken, a medizinesche Camps bidden eis lokal Partner Karuna-Shechen medizinesch Hëllef, Qualitéitsgesondheetsfleeg, a Geosndheetsbildung fir déi äermst Populatiounen am Ost-Tibet, Indien, an am Nepal. D‘Programmer vun de medizineschen Zentren enthale medizinesch Konsultatiounen, e Programm fir Tuberkulos, Familljeplanning, a sécher Maternitéit.
VIRLIESEN MÉIKaruna Shechen – d'Educatioun Zentrum
An de Bundesstaate Bihar a Jharkhand bleift den Taux vum Analphabetismus an den ofgeleeënen Dierfer ganz héich, besonnesch bei de Fraen. Fir géint dëst Iwwel ze kämpfen, proposéiert Karuna-Shechen gratis Alphabetiséierungscourse fir d’Duerfbewunner, esou ewéi Lies-, Schreif-, Rechen-, national an international Geografiescoursen, an eng Aféierung an d’Liese vu Pressartikelen.
VIRLIESEN MÉIBarefoot College – Solar Stroum
Den Zougang zu Solarstroum verännert d’Liewensbedéngungen an den Dierfer radikal. D‘Kanner kënne léieren an owes hir Hausaufgabe maachen, well et ganz fréi däischter gëtt, déi alldeeglech Aufgaben ewéi kachen a spullen, kënne gemaach ginn an e soziaalt Liewen ass owes endlech méiglech.
VIRLIESEN MÉIWarka Water
Warka Water Cameroun ass als e Projet gebuer fir der indigener Bevëlkerung Zougang zu Drénkwaasser ze erlaben, fir dann zu engem Projet ze ginn, dee vill méi komplex ass fir de Schutz vun enger vun de leschten unerkannten Pygmäe-Gemeinschaften, fir deemno de Kongo-Becken-Reebësch ze schützen (déi zweet gréng Long op der Äerd), dee si ophëlt.
VIRLIESEN MÉIHutan Projet
D’Reebëscher vum Malaysesche Borneo hunn eng ongewëssen Zukunft. Bis 2012 bleiwe manner ewéi 1.200 Orangutanen an der Wildnis vu Kinabatangan – d’Ofholze vun de Bëscher hëlt hinnen hiren natierlechen Habitat ewech.
VIRLIESEN MÉIJay Nepal
Déi allgemeng Ziler vum Projet si méi Presenz vu schoulflichtege Kanner, fir den Educatiounssystem am Duerf vu Bogdaun ze verbesseren an ze vergréisseren, an, fir d’Méiglechkeet vu gemengnëtzege Bedreiwer an Organisatiounen ze erhéijen, fir sozial Projeten ëmzesetzen.
VIRLIESEN MÉIShining Forks, an Upcycling Projeten
Shining Hope gouf vum Kënschtler Jean Remy ausgewielt fir beim Shining Forks Projet matzemaachen.
VIRLIESEN MÉI