Mir kënnen net eleng handelen !

Dank der Ënnerstëtzung vun eise verschiddene Partner sinn eis Aktioune weltwäit méiglech.

D’Méiglechkeete vun enger Zesummenaarbecht fir Betriber

SH schafft zesumme mat Betriber, well mir mengen, datt mir mat de gemeinsame Wäerter an Ziler, méi efficace fir d’Liewensqualitéit vun de gefäerdete Populatioune kämpfe kënnen.
Zanter der Grënnung vun Shining Hope hu sech vill Betriber un der humanitärer Aktioun vun der Organisatioun bedeelegt. Shining Hope ass e Vertrauenspartner fir privat Spender a fir lëtzebuergesch an auslännesch Betriber.
D‘Vertrauen an d’Transparenz sinn eist Leitbild a mir setzen alles dru fir eng effizient an transparent Notzung vun Äre Spenden ze versécheren.
Andeem Dir Partner vu Shining Hope gitt oder andeem Dir bei enger Eenzelaktioun matwierkt, hëlleft Dir eis den Impakt vun eiser Hëllef fir déi äermst Populatiounen ze erhéijen, an an engems hieft Dir dat gesellschaftlecht Engagement vun Ärem Betrib ervir.

4 gutt Grënn fir Partner vu Shining Hope ze ginn:

01
Dir engagéiert Iech bei enger Vertrauensorganisatioun bei der Hëllef vun der nohalteger Entwécklung
02
Dir dréckt Äert Engagement als verantwortungsvolle Betrib aus
03
Dir motivéiert Är Maraarbechter ronderëm e solidaresche Projet
04
Dir gitt all Joer transparent iwwer d’Notzung vun Äre Fongen an de Berichter vun eise Projeten informéiert.

Eis Zesummenaarbecht ka verschidde Formen unhuelen. . Ob Dir Iech fir en Engagement bei enger Eenzelaktioun entscheet, op Är Mataarbechter oder Är Clienten ausgeluecht, oder iwwer eng längerfristeg Partnerschaft, déi e puer Elementer enthält, d’Méiglechkeete fir sech ze engagéiere si villfälteg.

D‘Equipp vu Shining Hope ass och op fir all innovativ Partnerschaftspropos. Zéckt net fir eis ze kontaktéieren!

Eis Partner entdecken