Shining Forks, en upcycling Projet fir d’Ënnerstëtzung vu Kannerrechter.

Shining Hope gouf vum Kënschtler Jean Remy ausgewielt fir beim Shining Forks Projet matzemaachen.

12 Wäschmaschinnentrommelen a 36 Forschetten, déi ewechgeheit sollte ginn, goufen a blénkeg Objete verwandelt. Elo goufen 12 original Luuchten aus recyceltem Material gemaach fir de Bau vum Saint Bruno Weesenhaus am Kamerun mat eisem lokale Partner ASEO ze ënnerstëtzen. Et sinn ëmmer nach e puer Stéck iwwereg, awer de Jean Remy ass prett fir der esou vill ze maachen ewéi Dir wëllt.