An de Bundesstaate Bihar a Jharkhand bleift den Taux vum Analphabetismus an den ofgeleeënen Dierfer ganz héich, besonnesch bei de Fraen. Fir géint dëst Iwwel ze kämpfen, proposéiert Karuna-Shechen gratis Alphabetiséierungscourse fir d’Duerfbewunner, esou ewéi Lies-, Schreif-, Rechen-, national an international Geografiescoursen, an eng Aféierung an d’Liese vu Pressartikelen.

Fir déi wirtschaftlech Autonomiséierung vun den Duerfbewunner ze fërderen, ginn och Formatiounen ugebuede fir Aktivitéiten, déi en Akommes schafen, ewéi d’Hierstelle vu Käerzen, Weirauch, Kräid an Tuten aus recycléiertem Pabeier, d’Hierstelle vu Rakhien, d’Preparéiere vu Snacken, déi prett fir de Verkaf sinn, d’Ziichte vu Champignonen oder d’Strécken.

Ausserdeem ginn am Ausbildungszenter zu Bodhgaya (am Staat Bihar) gratis Formatiounen an der Informatik (PAO an Office Management) fir déi Jonk organiséiert, all Kéier fir eng Dauer vu sechs Méint.

Am Joer 2015 hunn 3.000 Kanner aus dem Primärschouls- a Lycéeesniveau vun den Educatiounsprojete vu Karuna-Shechen profitéiert, 21 Gemeinschaftsschoulen am Nepal, dovu 6 nei Schoulen, 3 Gemeinschaftsschoulen an Indien, 800 Kanner vu manner ewéi 6 Joer an 20 indeschen Dierfer.

Karuna-Shechen handelt fir d’Educatioun vun de Kanner an deene Jonken, besonnesch de jonke Meedercher. D‘Aarbecht erfollegt mat de lokale Partner, an den isoléierte Gemeinschaften an Indien, dem Nepal an dem Tibet, fir de Kanner d’Mëttel ze gi fir hir Zukunft opzebauen andeem si en Zougang zu Qualitéitsbildung kréien.

Méi iwwer dëse Projet
Méi iwwer dëse Projet

Hei spenden!

Wéi vill wëllt Dir spenden?

Karuna Schechen – Education Centre

Personal Info

Credit Card Info
This is a secure SSL encrypted payment.

Donation Total: 20€

Méi Projete uweisen
Méi Projete uweisen
Carousel #2