Kanner an de ländleche Géigenden an Indie hunn dacks keen Zougang op Qualitéitsausbildung, besonnesch déi aus de Famille mat nidderegem Akommes an nidderege Kasten. Laut dem indesche Gesetz hunn all d’Kanner e Recht op gratis Bildung, awer an der Praxis ass d’Bildung, déi si an de staatleche Schoule kréien net gutt genuch, fir aus der Aarmut erauszekommen. Nëmme gutt Bildung a besonnesch Opmierksamkeet kann hinnen eng Chance ginn, fir hiert Liewen ze änneren, an net de Schicksal vun hire benodeelegten Elteren ze deelen. Dat ass de Grond, firwat d’Shanti India Schoul gegrënnt gouf.

„Bildung ass déi mächtegst Waff, fir d‘Welt ze veränneren”

Nelson Mandela

Mat der Hëllef vu Shining Hope an aneren Donateuren huet Shanti India hiert eegent Schoulgebai gebaut – d’Haapterausfuerderung zanter der Grënnung vun der Schoul. Vum Juni 2022 un huet Shining Hope beim Kaf vu Fënsteren a Gittere gehollef, a mir sinn houfreg de Kanner vu Shanti India besser Konditioune fir ze léieren a sech ze entwéckelen, bidden ze kënnen. D‘Gebai huet 14 Klassesäll, e Computerlabo, eng Bibliothéik, e Raum fir d’Léierpersonal, e grousse Sall fir Schoulaktivitéiten, a gutt-funktionéierend Toiletten.

D‘Shanti India Schoul ass vun den indesche Bildungsautoritéiten unerkannt ginn. D‘Léierpersonal sinn ausgebilt am SEE Léierprogramm, dee vun der Emory University an Zesummenaarbecht mam Dalai Lama, ausgeschafft gouf, an d’Ausbilder mat de Mëttel ausstatt, déi si brauche fir d’Entwécklung vun der emotionaler, sozialer, an eethescher Intelligenz vun de Studenten an och fir sech selwer ze fërderen. D‘Kärcourse verfollegen den offiziellen indesche Curriculum, awer d’Studente léieren och wéi si zu gebilten, matgefilleg an eethesch Mënsche ginn. D‘Betounung läit op der Wichtegkeet vum Entwéckele vun de mënschleche Qualitéiten am Respekt zu sech selwer, aneren an der Ëmwelt.

D’Shanti India Schoul ënnerstëtzt 700 vun de benodeelegste Kanner a Jugendlechen aus der Bodhgaya Regioun a bitt gratis Vollzäit-Bildung fir Studente vun der Spillschoul bis an déi 10. Klass. D’Studente vun de Klassen 11 bis 15 ginn ënnerstëtzt hit Studien am Lycée oder a spezialiséierten Institutiounen weiderzeféieren.

D’Shanti India Schoul huet ee Proff fir all 30 Studenten, dee vun engem personaliséierte Follow-up profitéiert. All Joer gëtt eng Versammlung gehale fir d’Studente an de Klassen 10, 11 an 12 fir si iwwer hir zukünfteg Bildungspläng ze informéieren a beroden. A géint d’Traditioun, datt e Kand aus enger niddereger Kast net sengem Schicksal entfléie kann, kënne Kanner hei motivéiert ginn an eng besser Zukunft ze gleewen an hir Fäegkeet sech se opzebauen.

Méi iwwer dëse Projet
Méi iwwer dëse Projet

Hei spenden!

Wéi vill wëllt Dir spenden?

Shanti India – School building construction

Personal Info

Credit Card Info
This is a secure SSL encrypted payment.

Donation Total: 20€

Méi Projete uweisen
Méi Projete uweisen
Carousel #2