Ee vun den dréngendsten Ëmweltprobleemer zu Sri Lanka ass d‘Ofholzen. Et gouf eng bedeitend a geféierlech Verréngerung an de Bëschregiounen iwwer déi lescht Joeren, fir Plaz ze schafe fir d’Landwirtschaft, Geschäfter a Gebaier.

E puer Efforte si schonn zu Sri Lanka an de leschte Joerzéngte gemaach gin, fir nei Beem ze planzen an d’Insel nei ze beplanzen. Awer net all d’Méi waren erfollegräich. D’Iwwerliewensquot huet och bedeitend mat der Noversuergung zesummegehaangen, a well net no de Planzen an de Setzlinge gekuckt ginn ass, oder d’Plantatioun net op enger passender Plaz fir dës Zort vu Planz oder Bam ausgefouert gouf.

Déi kriteschst Konsequenze vun der Ofholzung an der Degeneratioun vum Bësch sinn de Verloscht vun der traditioneller Biodiversitéit, onreegelméisseger Waasserversuergug, eng verkierzte Liewensdauer vu Bewässerungskanäl a Reservoiren, Buedemerosioun, a keng Ofdämme vun der Kuelendioxyderhéijung. All dës féieren zu Konsequenze fir Mënsch an Déier. Mat ganz strikten Aschneidungen an den Emissiounen ass et erfuerderlech vill méi Kuelendioxyd aus der Atmosphär erauszehuelen ewéi bis elo. Wat mir méi maache kënnen, fir den natierlechen Kuelestoff ze fërderen, andeem mer Bëscher, Mangroven, Séigraswisen, an Torfland auswäiten, wat mir manner op deier Technologien zeréckgräife mussen, ewéi op d’Opfänken an d’Späichere vu Kuelestoff.

De Projet Shining Hope a säi lokale Partner, Caritas Chilaw Janasawyia Sedec, wäerte sech an der Nord-Westlecher Provënz Puttalam District asetzen. D’Managementteam wäert Spezialisten am Beräich an d’regierung erbäizéien fir déi beschte adpativ Zorten vun dräi Prouwe fir dës speziell Regioun auszewielen, andeem sech op einheemesch, resistant, an héichqualitativ (am Sënn vun der Sauerstoffproduktioun an dem Ofginn dovun) Beem konzentréiert gëtt.

De Projet wëll géint d’Ofholze kämpfen, d´Biodiversitéit an der Nord-Westlecher Provënz verbesseren, Aktioune fërdere fir CO2 Emissiounen ze bekämpfen, an de Leit hiert Bewosstsäin erhéijen, fir Ëmweltschutz. Shining Hope a säi lokale Partner wäerte sehc op Verschidde Methodologie konzentréieren, fir hir Ziler ze erreechen, mam Aschléisse vun der Gemeinschaft an der Educatiounsapproche. Ongeféier 120 Gruppe vu jonke Leit a Kanner wäerten ageluede ginn fir un der Opforstung deelzehuelen an Ëmweltschutztraining ze kréien an eppes iwwer Offallmanagement, Opforstung, Kilamwandel, Recaýcling, an d’Wichtegkeet vun der Reduzéiere vun der Ëmweltverschmotzung ze léieren. E puer jonk Leadere wäerten Instruktioune kréien, ewéi een e Mediegelenkte Kommittee erstellt, dee sozial Medie benotzt, fir Informatiounen ze deelen, an d’Mass iwwer Ëmwelttheemen informéiert.

Op d’mannst 19.200 Beem a Planze wäerten an de verschiddene Beräicher vun der Nord-Westlecher Provënz ugebaut ginn, aus 12 Zorten eenheemesch Beem (z. B. Arjun, Pongame Uelegbam, Butter Tree, Bidi leaf tree). Dëse Projet geet drëms Sri Lanka eng Chance ze ginn, fir sech vu Joerzéngte vun Ofholzen ze erhuelen, e Wee ze fanne fir Kuelendioxyd-Emissiounen entgéintzestoen, a bei de lokale Gemeinschafte e Bewosstsäin ze entwéckelen.

Méi iwwer dëse Projet
Méi iwwer dëse Projet

Hei spenden!

Wéi vill wëllt Dir spenden?

A Green Breathing Hope for Sri Lanka

Personal Info

Credit Card Info
This is a secure SSL encrypted payment.

Donation Total: 20€

Méi Projete uweisen
Méi Projete uweisen
Carousel #2