Shining Hope gouf vum Kënschtler Jean Remy ausgewielt fir beim Shining Forks Projet matzemaachen.

“Ech hunn ëmmer gär en Objet gekuckt bis e mer eng nei Geschicht erzielt, Saachen nei benotzen, déi hir original Bedeitung verluer hunn, hir al Funktioun an eng nei Faszinatioun verwandelen”

Jean Remy

Wéi verwandelt een eng knaschteg Vergaangenheet an eng hell Zukunft?

12 Wäschmaschinnentrommelen a 36 Forschetten, déi ewechgeheit sollte ginn, goufen a blénkeg Objete verwandelt. Elo goufen 12 original Luuchten aus recyceltem Material gemaach fir de Bau vum Saint Bruno Weesenhaus am Kamerun mat eisem lokale Partner ASEO ze ënnerstëtzen.

Et sinn ëmmer nach e puer Stéck iwwereg, awer de Jean Remy ass prett fir der esou vill ze maachen ewéi Dir wëllt.

Kuckt hei op https://www.jean-remy.com/shiningforks a sicht Iech déi eraus, déi Iech am Beschte gefält. Dir gitt Offallmaterial e Liicht an zesumme mat Shining Hope, gitt Dir ville Weesekanner am Kamerun Luucht.

Méi iwwer dëse Projet
Méi iwwer dëse Projet

Hei spenden!

Wéi vill wëllt Dir spenden?

Shining Forks, an Upcycling project

Personal Info

Credit Card Info
This is a secure SSL encrypted payment.

Donation Total: 20€

Méi Projete uweisen
Méi Projete uweisen
Carousel #2