Zanter 2015 engagéiert sech Shining Hope bei der Begleedung an der Finanzéierung vum Ausbildungsprojet Alice Project duerch follgend Aktiounen: Ënnerstëtzung vun den dräi Schoulen an Indien zu Sarnath, Bodhgaya an Arunachal Pradesh a vun hire 1.500 Schüler, Verbesserung vun den Infrastrukturen, Ariichtung vun de Klassesäll, Baukäschte vun neie Gebaier, Kaf vun Ausstattung an techneche Geräter, Bedeelegung un den Unterrichtskäschten.

Inspiréiert vun den Neurowëssenschaften, der transpersonaler Psychologie an de verschiddene Spiritualitéiten op der Welt invitéiert d’Pedagogie vum Alice Project d’Schüler verschidden Dimensioune vum mënschleche Wiesen ze entdecken, dëst als Ergänzung zum klassesche Léierlang. D’Kanner ginn esou op Entdeckungsrees iwwer d‘Funktionnement vun hirem Geescht, hire Gedanken an hiren Emotiounen a léiere sech esou besser selwer kennen, entdecken hir Fräiheet an d’Gléck.

D‘Methodologie ass zanter méi ewéi 20 Joer vun der indescher Regierung unerkannt an ënner dem Patronage vum Dalai Lama. Ausserdeem gouf d’Alice Project Universal Education School dräi Mol (am Joer 2015, 2009 an 2018) vun der renomméierter Sanskrit University of Benaras fir déi bedeitend Aarbecht am Beräich vun der Educatioun ausgezeechent.

Momentan kréie méi ewéi Dausend Schüler vun der Spillschoul bis op d’Première eng Alice Project Formatioun an Indien, an 3 Schoulen zu Sarnath (Uttar Pradesh), Bodhgaya (Bihar) a Bodhisatta Deban Village (Arunachal Pradesh). Vun der Primärschoul bis an de Lycée huet d’Alice Project Universal Education School en innovative Programm entwéckelt, bei deem d’Educatioun vun de Kanner, d’Selbstbewosstsäin, d’Entfalung vun der rationneller, emotionaler an intuitiver Intelligenz am Mëttelpunkt stinn.

Méi iwwer dëse Projet
Méi iwwer dëse Projet

Hei spenden!

Wéi vill wëllt Dir spenden?

Alice project

Personal Info

Credit Card Info
This is a secure SSL encrypted payment.

Donation Total: 20€

Méi Projete uweisen
Méi Projete uweisen
Carousel #2