Mat hire medizineschen Zentren, mobille Klinicken, a medizinesche Camps bidden eis lokal Partner Karuna-Shechen medizinesch Hëllef, Qualitéitsgesondheetsfleeg, a Geosndheetsbildung fir déi äermst Populatiounen am Ost-Tibet, Indien, an am Nepal. D‘Programmer vun de medizineschen Zentren enthale medizinesch Konsultatiounen, e Programm fir Tuberkulos, Familljeplanning, a sécher Maternitéit.

D’Programmer vun de mobille Klinicke maache reegelméisseg Visitten an 18 Dierfer, déi tëschent 12 a 60 km vum medizineschen Zenter ewechleien a bidde gratis Gesondheetsservicer u fir 100.000 Awunner vun der Regioun. Dat medizinescht Team besteet aus engem Dokter, enger Infirmière an engem Apdikter, a si besichen all Duerf zweemol de Mount fir 60 bis 100 Patienten den Dag ze betreien, déi meescht dovu si Fraen a Kanner.

Déi mobil Klinicken erlabe jidderengem fir wëchentlech Visitten an entleeënen Dierfer an de Staate vu Bihar (Gaya, Aurangabad, Jehanabad, an den Nawada Distrikter) an Jharkhand (Dierfer ausserhalb vun Hata) ze maachen.

Bihar ass ee vun den äermsten an am zeréckbliwwenste Staat vun Indien. De System vun de mobille Klinicken ass eng liewenswichteg Stäip fir déi ländlech Bevëlkerung, déi keen Zougang zu medizinescher Fleeg huet.

Charakteristike vun de mobille Klinicken an Indien:
• Regioune vum Betrib: entleeë ländlech Géigenden.
• D’Zuel vun de Klinicken: 3 zu Bihar, 1 zu Jharkhand.
• Patienten: d’Awunner vun 852 Dierfer; Fraen a Kanner representéiere 75% vun den Empfänger.
• Deeg vum Betrib: 6 Deeg d’Woch zu Bihar, 3 Deeg d’Woch zu Jharkhand.
• D’Zuel vu Patienten: 60 bis 100 den Dag, i.e. 52.942 d‘Joer.

Méi iwwer dëse Projet
Méi iwwer dëse Projet

Hei spenden!

Wéi vill wëllt Dir spenden?

Karuna Schechen – Mobile Clinics

Personal Info

Credit Card Info
This is a secure SSL encrypted payment.

Donation Total: 20€

Méi Projete uweisen
Méi Projete uweisen
Carousel #2