Den Zougang zu Solarstroum verännert d’Liewensbedéngungen an den Dierfer radikal. D‘Kanner kënne léieren an owes hir Hausaufgabe maachen, well et ganz fréi däischter gëtt, déi alldeeglech Aufgaben ewéi kachen a spullen, kënne gemaach ginn an e soziaalt Liewen ass owes endlech méiglech.

An Zesummenaarbecht mam Barefoot College vun Tilonia (Indien) verstäerken d’Shining Hope Fondatioun a Karuna-Shechen déi wirtschaftlech Autonomiséierung vun den Duerfbewunnerinnen andeem si de Beruff photovoltaesch Elektrikerin (Elektrizitéit, déi aus Solarenergie iwwer Solarzellen agefaange gëtt) léiere kënnen.

Informatiounsseancen an Treffe mat den Duerfbewunnerinne ginn organiséiert fir déi Fräiwëlleg auszewielen, déi un der Formatioun photovoltaesch Solarelektrizitéit am Barefoot College (Rajasthan, Indien) oder an de Gebaier vu Karuna-Shechen zu Kathmandu deelhuele wëllen. No der Formatioun ginn d’Duerfbewunnerinnen erëm zeréck an hiert Duerf fir do Solar-Beliichtungssystemer an den Haiser ze installéieren a sech ëm hir Maintenance ze këmmeren.

Dës analphabetesch Fraen, wa si no hirer Léier erëmkommen, hunn eng Berechtegung am Duerf a besonnesch bei de Männer vum Duerf, duerch hiert geléiert Wëssen. Si gi gefrot fir wëchentlech Reuniounen ze organiséiere fir d’Liewensbedéngungen am Duerf ze geréieren. Et ass e beträchtleche Fortschrëtt fir d’Rechter vun de Fraen.

Méi iwwer dëse Projet
Méi iwwer dëse Projet

Hei spenden!

Wéi vill wëllt Dir spenden?

Barefoot College – Solar Electricity

Personal Info

Credit Card Info
This is a secure SSL encrypted payment.

Donation Total: 20€

Méi Projete uweisen
Méi Projete uweisen
Carousel #2